D‘immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg

De Leit e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit am Respekt vun der kultureller Villfältegkeet an der mënschlecher Kreativitéit ze ginn – dëst ass dem immaterielle Kulturierwen seng Funktioun an der Gesellschaft. Esou geléngt et, eis Gesellschaft als lieweg Gemeinschaft erfahrbar an erliefbar ze maachen, andeems jiddereen seng lieweg Kulturierfschaft mat den anere Leit deelt; deene Leit, déi schonns zënter Generatiounen zu Lëtzebuerg liewen an deenen, déi nei bäigezu sinn; deenen, déi nëmme kuerzfristeg hei am Land sinn an deenen, déi hiert ganzt Liewen hei verbruecht hunn; deenen, déi Lëtzebuerg vu bausse betruechten an deenen, déi et vu bannen eraus liewen an erliewen. Grouss a Kleng, Jonk an Al, egal wien een ass a vu wou ee kënnt. D‘immateriellt Kulturierwe schléisst keen aus, well jiddereen op seng Aart a Weis heidrun deelhuele kann. Esou ass dat en eenzegaartegt Mëttel, fir d’Mënschen ënnertenaner méi no ze bréngen, am géigesäitegen Austausch a Versteesdemech.
Laut der UNESCO ginn et e puer präzis Kritären, fir datt eppes als immateriellt Kulturierwe ka bezeechent ginn.

Deen aller éischte Kritär ass, datt d’Ierwe selwer hir Kulturierfschaft als sollech ugesinn. D’Unerkennung geet fir d‘alleréischt vun de Leit aus, net vum Staat oder vun den Experten. Déi kënnen nëmmen dat unerkennen an hëllefen ze erhalen, wat d’Ierwe selwer als hir Ierfschaft bezeechnen a bestëmmen.

Dofir existéiert déi lieweg Kulturierfschaft nëmmen, wann se och wierklech gelieft a praktizéiert gëtt. Ausgestuerwe Gebräicher gehéieren net dozou, et sief, si géingen erëm nees vun de Leit op en Neits an d’Liewe geruff, praktizéiert a weidergi ginn.

D‘Kulturierwen ass eng Ierfschaft, dat heescht, et muss iwwer e puer Generatiounen hei am Land weiderverierft gi sinn an esou de Gruppen a Gemeinschafte wéi och jiddwer Eenzelne vun den Ierwen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit vermëttelen.

D‘immateriellt Kulturierwe muss och – fir als sollecht unerkannt ze ginn – dem nationalen an internationale Recht, virun allem och de Mënscherechter, entspriechen.

Wichteg ass et och, datt d‘immateriellt Kulturierwen net op Käschte vu kommende Generatioune geet, mee am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung gelieft gëtt.

Dat immateriellt Kulturierwe fanne mer virun allem a folgende Beräicher:
 
  1. Mëndlech Iwwerliwwerungen an Ausdrocksweisen, dorënner och d’Sprooch als Mëttel, fir dat immateriellt Kulturierwe weiderzevermëttelen;
  2. Kënschtleresch Ausdrocksformen, déi viru Publikum opgeféiert ginn;
  3. Gesellschaftlech Gebräicher, Riten a Festlechkeeten;
  4. Wëssensschätz a Gebräicher, déi d’Natur an den Universum betreffen;
  5. Fäerdegkeete vum traditionellen Handwierk.
N.B.: Reliounen als sollech, als komplett Glawens- a Praxissystemer, gi vun der UNESCO net zur Kategorie vum immaterielle Kulturierwe gezielt. Do dergéint kënnen awer eenzel kulturell Praktiken, wéi ebe gesellschaftlech Gebräicher, Riten a Festlechkeeten, déi am Numm vun der Relioun gelieft ginn, als immateriellt Kulturierwen unerkannt ginn, wann se der UNESCO-Konventioun vun 2003 entspriechen.
D’Definitioun vun dem immaterielle Kulturierwen fousst op enger Konventioun déi de 17. Oktober 2003 vun der Generalkonferenz vun der UNESCO ugeholl ginn ass.

Dës Konventioun ass duerch Gesetz vum 23. Dezember 2005 zou Lëtzebuerg rechtskräfteg ginn.

Hei d’Linken zou den entspriechenden Texter:

D'Gesetz vum 23. Dezember 2005 woumadder d’UNESCO-Konventioun vun 2003 iwwert d'Erhalen vun dem immaterielle Kulturierwen guttgeheescht gëtt: http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2005/12/23/n6/jo

D’UNESCO-Konventioun vun 2003 iwwert d'Erhalen vun dem immaterielle Kulturierwen an der verbindlecher franséischer Versioun: http://unesdoc.unesco.org/images/0013/001325/132540f.pdf

D‘Konventioun op Däitsch an der offizieller Iwwersetzung vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun: https://ich.unesco.org/doc/src/00009-DE-Luxembourg-PDF.pdf
D’UNESCO-Konventioun vun 2003 iwwert d‘Erhale vum immaterielle Kulturierwe gesäit vir, datt vun all Staat, dee matmécht, e Verzeechnes iwwert dat immateriellt Kulturierwen op sengem Staatsgebitt geféiert gëtt. Dësen Inventar soll ausdrécklech zesumme mat deene Leit, déi déi eenzel Elementer als hir Kulturierfschaft ugesinn a praktizéieren, opgestallt a reegelméisseg op den neiste Stand bruecht ginn. Duerch esou e Verzeechnes kréien d’Leit e Mëttel, sech hirer lieweger Kulturierfschaft bewosst ze ginn, se opzeschaffen, se ze erhalen, se nei unzepassen, se weiderzeginn an se matzedeelen.

Dofir riichten de Kulturministère an d’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun en Appell un all déi Leit, déi zu Lëtzebuerg immateriellt Kulturierwen erhalen, praktizéieren a weiderginn, hinnen ze hëllefen, den Inventar vun hire Praktiken op d’Been ze stellen, respektiv op den neiste Stand ze bréngen.

Déi Leit also, déi hiert liewegt Kulturierwe wëllen op den nationalen Inventar vun dem immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg agedroe kréien, kënnen eng entspriechend Kandidatur beim zoustännege Ministère, an dësem Fall de Kulturministère stellen. Dëst geschitt, andeems se folgende Formular ausfëllen an aschécken:

IKI Kandidatur Formular

N.B.: Aus praktesche Grënn ass dëse Formular an enger Sprooch gehalen, déi esouwuel offiziell Verwaltungssprooch zu Lëtzebuerg wéi och bei der UNESCO ass. Selbstverständlech kann dëse Formular awer och op enger anerer offizieller Verwaltungssprooch, déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn, ausgefëllt ginn.
Fir op de nationalen Inventar vun dem immaterielle Kulturierwen zou Lëtzebuerg ze kommen, muss eng Kandidatur folgend Etappen duerchlafen:
  1. De spezielle Formular gëtt vun deene Leit, déi dat entspriechend Element als hirt immateriellt Kulturiewen ugesinn a praktizéieren, ausgefëllt an agereecht. Fir Froen derzou kann een sech un info@iki.lu wenden;
  2. Ass de Formular korrekt ausgefëllt, kënnt déi entspriechend Kandidatur virun déi Lëtzebuerger Nationalkommissioun fir d’Zesummenaarbecht mat der UNESCO, kuerz UNESCO-Kommissioun genannt. Dës Kommissioun kuckt ee bis zwee mol d'Joër, op d’Kandidaturen de Kritäre vun der UNESCO fir dat immateriellt Kulturierwen entspriechen. Dozou gehéiert och d’Aschätzung, a wéi wäit dës iwwer Generatioune verierfte Kulturpraktiken och haut nach dem Zesummeliewen zou Lëtzebuerg en Déngscht leeschten. Op Basis vun de Kritären vun der Konventioun vun 2003 leet d‘UNESCO-Kommissioun dann dem zoustännege Minister hiren Avis iwwert déi entspriechend Kandidatur vir;
  3. Op Grond vun der Aschätzung vun der UNESCO-Kommissioun hëlt den zoustännege Minister deen d’Kultur a sengem Ressort huet d’Entscheedung, dat entspriechend Element op de nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen opzehuelen oder net. D’Leit, déi d’Kandidatur gestallt hunn, kréie matgedeelt, wann si op d’Verzeechnes opgeholl gi sinn an hirt liewegt Kulturierwen deementspriechend publik gemat gett.
Op Virschlag vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun war de 26. Juni 2008 e nationalen Inventar geschaf gin, an zwar am Hibléck fir kënnen eng Kandidatur op d’UNESCO-Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet ze stellen. Op dësem Inventar vun 2008 sti folgend Manifestatiounen:
Fir dem immaterielle Kulturierwen méi eng grouss Siichtbarkeet ze verschafen an d’Bewosstsi vun senger Wichtegkeet souwéi den Dialog am Respekt vun der kultureller Villfältegkeet ze stäerken, féiert d’UNESCO eng sougenannte Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet.

Fir op dës Lëscht ze kommen, muss e Staat, deen d’Konventioun vun 2003 ënnerschriwen an an nationalt Recht ëmgesat huet, iwwert säi Botschafter eng offiziell Kandidatur bei der UNESCO areechen.

Am Joer 2010 gouf d’Iechternacher Sprangprëssessioun als bis elo eenzeg Lëtzebuerger Kandidatur op dës Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet opgeholl.

Link zur Iechternacher Sprangprëssessioun op der offizieller Websäit vun der UNESCO:
https://ich.unesco.org/fr/RL/la-procession-dansante-dechternach-00392