D’ Haus- a Flouernimm

Digital IKI 

An den Zäite vun dëser Corona-Pandemie soll den Digital IKI et dem Public erméiglechen um immaterielle Kulturierwen deel zu huelen, obwuel mer musse gudde Wëlle weisen, doheem bleiwen a sozial Kontakter aschränken. Sou ass och dës Rubrik zu den Lëtzebuerger Haus- a Flouernimm als immateriellt Kulturierwen entstanen, déi reegelméisseg en Abléck a Sënn an Zweck vun Haus- a Flouernimm gëtt. Den Auteur ass de Sam Mersch, chercheur am Beräich Flouernimm a Lëtzebuerger Sproochgeschicht op der Universitéit vu Lëtzebuerg.

Haus- a Flouernimm si gebonnen un de Raum an existéieren ëmmer als Referenz op eng Plaz. Si ginn Ablécker wéi dëse Raum vun de Leit erlieft ginn ass an ëmmer nach gëtt: sproochlech, ökologesch, wirtschaftlech, a sozial. Och am Kontext vu Seuchen an ustiechende Krankheeten.

Siichenhaff

Well wéinst der momentaner Situatioun de Fliederchersdag um Siichenhaff net kann ëffentlech gefeiert ginn, sou wëll ech dann awer dësen als Ausgangspunkt fir dësen éischte Bäitrag huelen. De Fliederchersdag, en ale Brauch aus der Zäit vun den Leproserien, ass staark mam Siichenhaff am Pafendall verbonnen. Siichenhaff ass e sougenannten Haffnumm, also Numm vun engem Haff, a fält domadder ënnert d’Hausnimm. Den Haff ass eben dono benannt ginn, dat op dëser Plaz schwéier ustiechend Leit aquartéiert goufen. Den Deel Siich(en)- vum Numm hei kéint vun engem ale Verb, dat et net méi am Lëtzebuergesche gëtt a ‘(schwéier) krank sinn’ heescht. Sou Plaaze goufen et awer net nëmmen am Pafendall, mee och soss uechter d’Land. Wéi op der Kaart Nr. 1 z’erkennen ass, ginn et och Flouernimm déi op sou Plaze fir Schwéierkranker (mam Wuert siichen) hiweisen, ënnert anerem um Lampertsbierg, zu Märel, Sandweiler, Weimeschkierch, Gréiwemaacher, Léiweng, um Kierchbierg, zu Iechternach an zu Schieren.

Kräizgrënnchen

Leider kann duerch d’Corona Pandemie dëst Joer net wéi gewinnt d’Oktav gefeiert ginn. Mee am Sënn vum Digital IKI wëll ech Iech dann iwwert Flouernimm schwätzen déi op sou Prëssessiounen hiweisen, wéi d’Octaveschlussprëssessioun och eng ass. Sou munche Flouernumm dee Kräizwee heescht, ass sou benannt ginn, well op där Plaz eng regelméisseg Prëssessioun laanscht gaangen ass (op der Kaart Nr. 2 giel markéiert). Genau sou ass et mat Kierchepied a Kiercheweeer (Kaart 2 rout), déi meeschtens sou benannt gi sinn, well op där Plaz am Gewan eben d’Prëssessioune laanscht komm sinn. Dat sou Nimm ebe kloer mat der Relioun verbonne waren, weisen Nimm wéi de Kräizgrënnchen an der Stad (och Val Ste. Croix), mee och zu Léiweng. D’Kaart Nr. 2 weist dobäi nëmmen eng kléng Auswiel u solchen Nimm, déi markant dofir sinn dat eng rekurrent wichteg Aktivitéit fir d’Mënschen, sou wei d’Expressioun vun der Relioun, e Motiv fir Flouernimm ka sinn.

Wangert / Wéngert

Fir dat eis d’Situatioun mam Coronavirus net ze vill op de Mo schléit a fir d’Lockerunge positiv ze begleede wëll ech Iech dës Kéier eppes iwwert d’Wéngerten, bzw. Wangerten zu Lëtzebuerg am Spigel vun de Flouernimm weisen. Wéi op Kaart Nr. 3 ze gesinn ass, weisen eis d’Flouernimm wou iwwerall soss fréier och Wäi produzéiert ginn ass, net nëmmen op de Musel. Déi Formen, déi sproochlech gesi méi al sinn, also d’Wangerten (rout), weisen eng vill méi breet Verdeelung wéi déi sproochlech gesi méi jonk Wéngerten (ocker-giel). Wat awer z’erkennen ass, ass dat bal an all Fäll eng Géigend am Hang, eventuell och beim Flossdall preferéiert ginn ass. Den Numm Wangert bzw. Wéngert heescht dobäi och net vill méi wéi Wäin-Gaart, an ass an der Form win-gard nach an Texten aus dem Mëttelalter ze fannen. E Stéck ass also sou benannt gi well do de Wäi speziell kultivéiert ginn ass, woubäi de –gaart oft dorobben hiweist, dat e sou Flächen iergendwéi ofgegrenzt oder mat Zonk agerummt waren.

Krounebierg

D’Wuert Corona ass net nëmmen haut aktuell, mee war et och scho fréier an dat gesi mer och an de Flouernimm. Speziell ass et hei eist Wuert Kroun, dat vum Laténgeschen corona kënnt an do primär ee Schmuckreef fir um Kapp ze droe bezeechent.

D’Kroun kënnt net ganz oft fir an eise Flouernimm, mee meeschtens mat engem Verweis op e Bierg (also de Krounebierg), sou zum Beispill zu Miersch, wou d‘Nationalmonument vun der Onofhängegkeet steet, do wou de geographeschen Zenter vum Land ass. Heiansdo gëtt gesot, dat de Bierg réischt säit d’Monument am Joer 1939 dohi gesat ginn ass och Krounebierg genannt gëtt, mee den Numm ass awer schonn op der Urkadasterkaart fir Miersch vun 1867 ze fannen, do als Kronenberg. (Hei ass e Link op d’Kaart iwwert de Geoportail.lu.)

Wéi op Kaart 4 ze gesinn ass, kommen d’Flouernimm déi Krounebierg heesche just an der Gemeng Miersch an an der Gemeng Bous vir, woubäi aner Kroun-Nimm och soss verdeelt virkommen. Wat een do awer net gesäit, ass dat insgesamt vill méi Nennunge vu Krounebierger virkommen, wat och dorobben hiweist wéi wichteg dës waren an hirer Ëmgéigend.


D’ Haus- a Flouernimm

D’Haus- an d’Flouernimm sinn (nieft den Uertschafts- an Stroossenimm) als traditionnellt Orientierungssystem am Raum an ënnert de Mënschen e liewegt Kulturierwen, dat iwert Generatiounen ëwech bis haut virun allem mëndelch iwerliwert gëtt. Haus- a Flouernimm hunn eng grouss kulturhistoresch Bedeitung, wéi och e gesteigerte praktesche Notzwärt fir eng nohalteg Ëntwecklung hei am Land.

Ënnert dem Begrëff Flouernimm sinn déi benannte Platzen ze bezeechnen, déi net als Uertschafts- oder Hausnimm gëllen. Fréier waren dat prinzipiell all net bewunnte Plaatzen, mat dem rasante Bevëlkerungswuestëm ass dat awer net méi sou. Sou fënnt een hautesdasgs vill Flouernimm an neie Stroossennimm, awer och an der Benennung vu Lotissementer an Industriegebidder rem. Fluernimm ginn en Abléck an d’mënschlech Vergangenheet well se gewëss sozio-kulturell Evenementer (Gegiewenheeten?) archivéiren. Se ginn ënner anerem en Abléck an d’Rechts- an Verwaltungsgeschicht vu Lëtzebuerg, sou zum Beispill bei all de Gaalgebierger, den Hänkersplatzen, woubäi et eng sou eng Platz pro juristeschen Distrikt gouf, zum zum Beispill zu Esch. D’selwescht ass et mat der administrativer Andeelung vum Land no Bann, enger admistrativ-legaler Eenheet. An de Flouernimm fënnt een dëst och rem, ënnert anerem zu Réiden.

D’Hausnimm sinn fir d’Orientéirung am Duerf wichteg a méi al wéi d‘Strossennimm. Am Réiserbann zum Beispill ginn et ënnert anerem dës Hausnimm: A Jangen, an Déidesch, a Kéifesch, awer och an Hierchen, vun deem dann erëm nees de Flouernumm Hierchesfeld (an der kadasterlecher verdäitschter Form: Herchesfeld) hirstaamt. D’Leit an Hierchens schreiwen sech zwar anescht (féiren zwar een aaneren amtleche Familiennumm), ginn awer am Duerf bei deene vum Stack als een vun Hierchens hire geruff. Hierchens organiséieren zwar keng Eventer um Hierchensfeld, dofir awer Léiffrawëschdag um Gaalgebierg.

Ausserdem verweisen d‘Haus- a Flouernimm op eng Sproochstuf, déi duerchaus méi al ass wéi déi éischt Texter op Lëtzebuergesch. Verschidde Flouernimm ginn zréck bis an d‘Réimerzäit, wéi zum Beispill um Kiem – e Réimerwee - um Kierchbierg. Dës Kiemen, oder Réimerstroossen, sinn gäre méi aal wéi d‘Kierchen hei am Land.

De Gebrauch vun den Haus- a Flouernimm verschaaft esou de Leit e Gefill vun Identiéit an Kontinutéit. Et erméigelecht hinnen d‘Platzen an hirem Liewensraum mam Numm ze nennen an sech doriwer mat aneren ze verstänegen. Et gëlt dofir, all Mensch, deen hei am Land wunnt, schafft, an zirkuléiert, un dësem Kulturierwen deelhuelen ze loossen.

D’Matdeelen vun dësem liewegen Kulturierwen festegt esou de sozialen Zesummenhalt zu Lëtzebuerg, an erméigelecht en neit Erliewen vun der Ëmwelt an enger Logik vun nohalteger Entwécklung: Déi nei Mobilitéit féiert zu enger méi bewosster Orientéierung am ëffentleche Raum. Dëss brauch dann eng verstärkt präzis Benennung, kann awer dofir op Nimm zeréckgräifen, déi schons zënter Generatiounen am Land a Gebrauch sin.

D’Haus- a Flouernimm gin esou haut bei der Benennung vu Strossen, Lotissementer, Quartieren, Industriezonen, Tram- a Bushaltesstellen op eneits genotzt. Duerch eng adequat Analys vun dësem Kuturierwen gin dodernierwt schons am Virfeld vu Bebauungsprojeten potentiell archeologesch Siten identifizéiert, genee esou wéi och Biotopen.

Wann een sech ukuckt, zu waat fir enger populärer Schafensfreed a kultureller Villfältegkeet am ëffentleche Raum d’Haus- an Flouernimm féiere kënnen, esou kann een an hirem Notzen eng Steigerung vun der allgemenger Liewensqualitéit fir all Bedeelegten erkennen.

Dëst liewegt Kulturierwen erméigelecht doriwer eraus en Austausch an Deelen iwert eis national Grenzen eweg, an der Groussregioun, Europa, an der UNO - hei niewent der UNESCO och den United Nations Group of Experts on Geographical Names (UNGEGN).

Hei am Land setzen sech Institutiounen, Fuerscher, Privatleit, Veräiner, a Staats- a Gemengeverwaltungen fir d’Erhaale vun dësem Kulturierwen an.

D’Haus- a Flouernimm sin den 29. Juli 2019 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe zu Lëtzebuerg opgeholl ginn.

Linken

Institut Grand-Ducal, Section Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique
https://igd-leo.lu/

Sam Mersch, Fuerscher iwert Haus- a Flouernimm op der Universitéit Lëtzebuerg
https://www.c2dh.uni.lu/people/sam-mersch



 

Media

Images